
Et ass net déi éischte Kéier, dass op dëser Plaz Iessensreschter ausgeluecht goufen. Sou zum Beispill eréischt de leschte Freideg. Dat wier der Gemeng gemellt ginn, déi d’Saachen direkt ewech geholl huet. Elo um Méindeg de Moie leien awer nees Iessensreschter an där Géigend.
Well et schonn emol virkoum, dass op dëser Plaz och Gëftköder verdeelt goufen, huet d’Gemeng elo eng Warnung erausginn, dass et sech och an dësem Fall ëm esou e Gëft kéint handelen. Ob wierklech Gëft drënner gemëscht ass, wéisst een net, ma et wéilt ee léiwer preventiv warnen, esou eng Spriecherin vun der Gemeng op Nofro hin.
Dofir ass et den Appell, et soll ee seng Hënn net fräi lafe loossen. All suspekt Observatioun soll dann och der Police oder der Gemeng matgedeelt ginn, heescht et am Schreiwes op www.kehlen.lu.