
Bei enger Enquête konnten 257 Reptilie confisquéiert ginn, déi illegal vu Sydney op Hongkong transportéiert goufen an um Schwaarzmaart e Wäert vu ronn 740.000 Euro hätten. D’Déiere goufen ënner schlechte Bedéngungen a klinzege Container gehalen, verschiddener wiere schonn dout gewiescht. De Schmuggler gëtt ënnert anerem den illegalen Export vu Reptilien an d’Participatioun un enger krimineller Vereenegung virgeworf.
D’Echse wieren zu Hongkong warscheinlech entweder u Sammler gaangen oder fan der traditioneller Medezin genotzt ginn, esou e Spriecher vun der Police. Déi, déi iwwerlieft hunn, sollen elo vu Veterinären ënnersicht, éier se dobaussen ausgesat ginn.