
An der Mythologie vun den neiséilännesche Maori heescht et zum Beispill, dass Walen si a fréieren Zäite bei Reesen iwwert Mier beschützt hätten. Haut gesi sech d’Maori selwer als Beschützer vun de Walen. Ma och a villen aneren indigeene Kulturen am Südpazifik gëlle Walen als helleg Déieren.
Donieft gëllt de Gesang vun de Walen an dëse Kulturen als eng Zort Barometer fir d’Gesondheet vun de Mierer.
Dowéinst hunn d’Maori zesumme mat enger Dosen aneren indigeene Vëlker elo eng sougenannten “Deklaratioun fir den Ozean” ënnerzeechent. An dëser ass ënner anerem festgehalen, dass Wale juristesch Persoune sinn. Dëse Status bréngt mat sech, dass si verschidde Rechter zougeschwat kréien, wéi zum Beispill e Recht op Beweegungsfräiheet an e Recht op e gesond Liewen.
D’Hoffnung vun den indigeene Populatiounen ass et, dass d’Deklaratioun en éischte Schratt gëtt, fir eng international Diskussioun iwwert de juristesche Status vu Walen unzestoussen. Wa Walen am internationale Recht als juristesch Persoune verankert wieren, kéint een zum Beispill Geldstrofe fir Schëffer, déi mat Wale kollidéieren, festleeën. Versécherunge kéinten da vun de Besëtzer vun de Schëffer verlaangen, dass si speziell Systemer installéieren, fir Kollisioune mat den Déieren ze verhënneren.
Tatsächlech spille Walen eng wichteg Roll fir de Klimaschutz. Wéi et um Internetsite vun der der “Whale and Dolphin Conservation” heescht, géife si d’Närstoffer am Mier duerchmëschen a mat hiren Exkrementer de Wuesstem vu Phytoplankton fërderen. De Pythoplankton produzéiert iwwert d’Hallschent vum Sauerstoff op der Äerd.