
De Baseng an der Schwämm zu Altena war wéinst dem Onwieder zwar mat Waasser gefëllt, a Betrib war de Baseng awer net, esou d’Police vun Iserlohn en Donneschdeg.
Zënter en Dënschdeg hat sech eng Intemamm mat hire 6 Kléngen do gemittlech gemaach. Ma d’Jippelcher koumen awer net méi aus eegener Kraaft aus dem Waasser, esou d’Police, déi den Déieren dobäi missten hëllefen. “Ob d’Rettung am Schwammen oder duerch ulackele mat Fudder ofgelaf ass, gouf net iwwerliwwert”, esou heescht et am Policebulletin.