8. AugustInternationalen Dag vun de Kazen

RTL Lëtzebuerg
D'Déierendoktesch Romi Roth gëtt e puer interessant Fakten iwwert d'Muusse mat op de Wee.

Eng rezent Etüd weist, dass mëttlerweil vill méi Leit Kazen doheem hu wéi Hënn. An de leschten 20 Joer huet d’Kaz den Hond däitlech iwwerholl a steet elo op der Nummer 1 vun de beléiftsten Hausdéiere weltwäit. Wéi ass d’Kaz iwwerhaapt an Europa komm, wéi hu mir Mënsche se zur Hauskaz gemaach an op wat musse Kaze-Besëtzer allgemeng oppassen? Mir hu bei der Déierendoktesch Romi Roth nogefrot.

Zanter ville Joren en treie Begleeder

2004 gouf den éischte Beweis fir en Zesummeliewe vu Kaz a Mënsch entdeckt. Archeologen hunn an Zypern en aalt Graf mat engem Mënsch a senger Kaz fonnt. Dëst Graf ass bal 10.000 Joer al a weist dorop hin, dass deemools scho Kazen als Hausdéiere gehale goufen. Wärend dem Réimesche Räich hu sech du Kazen am alen Ägypten ausgebreet a si mat Hëllef vu Schëffer, déi d’Mëttelmier iwwerquéiert hunn, an Nordeuropa gelant. De Mënsch huet séier säi Profit an der Kaz gesinn. Zemools Akerbau-Aarbechter konnten duerch d’Kazen d’Mais vun hire Felder fort halen an hu probéiert, se dunn zu hiren Hausdéieren ze maachen. Haut si Kazen un d’Mënsche gewinnt, an awer brauche se eis net fir ze iwwerliewen.

Kierpersprooch richteg deiten

Hënn a Kaze kommunizéieren aneschters. Beim Mupp mierkt ee meeschtens méi séier, dass eppes net stëmmt, wéi bei senger Kaz, erkläert d’Déierendoktesch Romi Roth: “Dat läit dorun, dat d’Kaze penibel Situatioune vill besser geréiere kënne wéi d’Muppen an iwwregens och wéi mir Mënschen. Hiert Schnurren ass zum Beispill net just eng Manifestatioun vu Pleséier, wa se geheemelt ginn oder soss eppes fir si Flottes geschitt. Et ass och eng Zort meditativ Hëllef, fir wann eppes guer net OK fir si ass. Kazen, déi sech de Pelz ausrappen, op eemol net méi propper sinn an/oder granzeg ginn, hunn an aller Reegel ganz uerg wéi.”

Kaze stamen zwar aus der Wüüst, mee si kënnen och séier iwwerhëtzen. “Dofir soll ee se méiglechst iwwert den Dag dobannen halen. Am Fong si se vu sech aus jo souwisou och éischter dämmerungsaktiv. Drun denken, dass virun allem wäiss Kazen dozou tendéieren, e Sonnekriibs un hiren Ouerespëtzten, den Aelidder an hiren Nuesespigel ze maachen. Och dowéinst wier et besser, se guer net an d’Sonn ze loossen, wann et méiglech ass. Iwwert den Dag sollt ee se animéieren, méi ze drénken. E klengen Zëmmer-Sprangbuer mat (fléissendem) Waasser ass do oft och eng ganz grouss Hëllef.”

Och déi richteg Ernärung ass e relevant Thema. Et gi genuch Lëschten am Internet mat Saachen, déi Kazen op kee Fall iessen däerfen, betount d’Déierendoktesch Romi Roth: “Vläicht am wichtegsten ass et drop hinzeweisen, datt d’Stuffentigeren Ënnen, Poretten a Knuewelek esou mann verdroen, wéi Hënn an iwwregens och ewéi d’Päerd. Schockela ass och fir si ee Gëft a vill Kaze verdroen net eng Fidderung, déi nëmmen aus Dréchefudder, also Krocketten ass. Se stamen aus der Wüüst an hunn dowéinst e ganz anere Flëssegkeetshaushalt wéi d’Hënn. Bei ze vill Dréchesubstanz, déi si mam Fudder matkréien, fält dat als Kristaller am Pippi aus. Dat heescht, datt et fir d’éischt zu sou sougenanntem Harnsand kënnt, deen duerno zu Nieren- a Blosesteng zesummeklemmt a liewensgeféierlech Problemer maache kann.”

Loscht op e Quiz? Klickt hei, fir Äert Wësse ronderëm Kazen ze testen!

Back to Top
CIM LOGO