
Hien hat decidéiert, säi Geschäft zu Thái Nguyên, nërdlech vun Hanoi, zouzemaachen. An de leschte 7 Joer soll de Bedreiwer eegenen Aussoen no bis zu 20.000 Hënn geschluecht hunn. “Ëmmer wann ech se ëmbruecht hunn, hu se mer Leed gedoen”, sou den 39 Joer ale Mann. Hie wéilt elo amplaz mat Metall an Düngemëttel handelen.
Am Vietnam gi Schätzungen no all Joer ronn 5 Milliounen Hënn giess, dëst ass déi héchsten Zuel no China. Eng Partie Leit gleewen, dass d’Iesse vum Fleesch Ongléck ewech hält, anerer si vum Goût vum Fleesch iwwerzeegt.
Ma dës Meenung schéngt sech ëmmer méi kollektiv ze änneren. Virun allem a Stied refuséieren ëmmer méi Mënschen Hënn z’iessen, ëmmer méi Hënn ginn dofir als Hausdéiere gehalen, wéi dat jo och a westleche Länner de Fall ass.