
Bei enger grousser Razzia géint illegal Déierenhaltung a Spuenien huet d’Police iwwer 400 Déieren, déi deels krank oder mësshandelt waren, fonnt. Vill vun den Déieren, déi ënner onhygienesche Konditiounen agespaart waren, sinn un hire Krankheeten a Blessure gestuerwen.
Wéi et vun der spuenescher Police heescht, wieren am Ganzen 13 Persoune verhaft ginn. Si sollen zu engem Déierenhandel-Reseau gehéieren, deen zu Barcelona, Madrid, Andorra an Osteuropa aktiv war. D’Autoritéite reprochéieren der Band ënnert anerem, Dokumenter gefälscht ze hunn, fir krank Déiere beim Verkaf als gesond auszeginn. Géint déi Verdächteg gëtt elo wéinst Déieremësshandlung, Bedruch, Dokumentefälschung a Blanchiment ermëttelt.
Mam neien Déiereschutzgesetz, dat am September a Spuenien a Kraaft getrueden ass, verbitt de Kaf vun Hausdéieren a Butteker oder am Internet. D’Proprietäre vun Déierebutteker kréien awer e bestëmmten Delai, fir datt d’Déieren awer nach en Doheem fanne kënnen. An Zukunft wäerten Hausdéieren a Spuenien nëmmen nach bei registréierten Ziichter kaf kënne ginn.
Esou soll verhënnert ginn, datt sech Krankheete wéi Tollwut, Parasitten oder Infektiounskrankheete vun illegal geziichten Déieren op de Mënsch oder aner Déieren iwwerdroen.