
Schätzungen no goufen dës Saison scho méi wéi 600 “Keelerobben” gebuer, wéi de Veräin Jordsand der Däitscher Presseagence matgedeelt huet. Well d’Déieren antëscht net méi all Dag gezielt ginn, kann ee keng genee Zuel nennen.
Déi kleng Séihënn op de Plagen ze zielen, ass allerdéngs net ganz ongeféierlech, well déi weiblech Déieren hir Klenger verdeedegen an och d’Männercher an der “Paarungszäit” gären ugräifen. Dowéinst ginn d’Robbe reegelméisseg aus der Loft aus gezielt.
Vun 2021 op 2022 goufen am Ganze 679 “Keele-Robben"-Gebuerten op Helgoland registréiert.
Den Numm “Keele-Robb” kënnt duerch hir Zänn, déi wéi Keele geformt sinn a vun der Form vun hirem Kapp.