
Déi bis zu 50 doudeg oder liewensgeféierlech verwonnte Gréng Mieresschildkröten hate sëllege Stéchwonnen, wéi se op der Plage op der Insel Kumejima fonnt goufen. Et wier eng “äusserst grausam Zeen” gewiescht, sou de Yoshimitsu Tsukakoshi vun der lokaler Schutzorganisatioun.
Dem Fëschereiverband no huet de Fëscher ausgesot, hien hätt am Ufank nach vill verheddert Schildkröten aus dem Netz befreit. Ma nodeems déi sech ëmmer méi gewiert hätten an no “e puer Kämpf” mat de risegen Déieren hätt hien ugefaangen, op déi aner Déieren anzestiechen, fir si ze schwächen a méi einfach aus dem Netz huelen ze kënnen.
De Mann hätt seng Dot antëscht bereit, sou e Chef vum Fëschereiverband. “Hie sot, hien hätt nach ni esou vill Schildkröten a sengen Netzer gesinn”, sot de Yuij Tabata.
“Mieresschildkröte sinn esou douce Kreaturen”, sou den Déiereschützer Tsukakoshi. “Dass esou eppes haut nach geschitt, hätt ech net fir méiglech gehalen”. Déi lokal Verwaltung an d’Police ermëttelen de Virfall.