"Sauvons Bambi"Jonk Réi an der Gemeng Sëll virum Doud gerett

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer erëm kënnt et am Summer zu Accidenter, bei deenen Déieren, ongewollt virun d'Méimaschinne vun de Bauere geroden an doduerch hiert Liewe verléieren.

Zesumme mam Veräin “Sauvons Bambi Luxembourg a.s.b.l.” hunn d’Gemenge Biekerech, Garnech, Habscht, Käerch a Sëll de Projet “Sauvons Bambi” an d’Liewe geruff, fir den Doud an d’Leed vum Wëld ze vermeiden.

An deem Kader goufen e Méindeg de 15. Mee mat Hëllef vun enger Dron mat Wäermebildkamera Plaz fonnt, op deene sech kleng Réi verstoppt hunn. Esou konnten déi kleng Bambie virun de Maschinnen an domat dem Doud gerett ginn.

Back to Top
CIM LOGO