
Hatt war grad emol e puer Wochen al, ewéi säi Besëtzer, deen hatt illegal kaf hat, virun der russescher Invasioun geflücht war an hatt zeréckgelooss hat.
Ma hatt hat Gléck am Ongléck. Eng Déiereschutzorganisatioun vu Kiew huet d’Kiara nämlech bei sech opgeholl an den Internationale Fong fir d’Déierewuel kontaktéiert. Dësen hat d’Kiara dann als éischt an en Zoo a Polen an duerno an e Reservat fir wëll Déieren an engem Paräisser Zoo bruecht, wou hatt sech elo vu senger Flucht erhuele kann.