Invasiv MoukenaartJuegd op "Cane Toads" an Australien vum 13. bis 21. Januar

RTL Lëtzebuerg
Um zweete Januar-Weekend fänkt an Australien eng gréisser Juegdaktioun un, nuets. Et gi riseg, gëfteg Mouke gesammelt an dout gemaach.
© AFP Archivbild

D’Aga-Mouken, an Australien Cane Toads genannt, goufen op d’Lëscht vun den 100 invasiivsten Déierenaarte weltwäit gesat, eng Lëscht opgestallt vum Invasive Species Specialist Group (ISSG) zesumme mat engem internationale Berodungsgremium aus Wëssenschaftler a Politikexperten. Et handelt sech hei ëm eng Risemouk aus Süd- a Mëttelamerika, géint déi et bis ewell keng Léisung gëtt. An Australien an op de Philippinne si si eng richteg Plo. Si reproduzéiere sech do enorm séier a sinn eng massiv Menace fir heemesch Déieren.

All Joer gëtt an Australien dowéinst eng Juegd organiséiert, mam Zil nuets esou vill vun dëse gëftege Mouke wéi méiglech anzefänken. Vum 13. bis den 21. Januar geet se lass an d’australesch Naturschutzorganisatioun Watergum huet den Appell gemaach, dass sou vill Leit wéi méiglech sech solle bedeelegen.

Aga-Mouke ginn ëm 10 Joer al an all Weibche ka bis zu 35.000 Eeër produzéieren. Watergum no ginn et antëscht op d’mannst 200 Milliounen där Mouken an Australien. All doudeg Mouk zielt, betoune si ausdrécklech.

An effektiv, d’Mouke ginn dout gemaach. Op “human Manéier”. D’Organisatioun liwwert dozou och eng Beschreiwung: Fir d’éischt soll een d’Mouke fir 24 Stonnen an de Frigo stellen. Wärend dëser Ofkillungsphas gerode si an en hallefkomatéisen Zoustand, änlech wéi am Wanterschlof. Si géifen deen Ament och keng Péng spieren. Dono soll een d’Mouken, déi am Frigo “erstarrt” sinn nach emol fir 24 Stonnen an den Tifküler leeën. Do stierwe si dann.

© Queensland Department of Environment and Science/AFP/Handout

D’lescht Joer ëm dës Zäit gouf iwwregens déi bis ewell gréisste “Cane Troad"-Mouk entdeckt. Am Conway National Park am Bundesstaat Queensland hate Rangeren d’Mouk zoufälleg gesinn, nodeems si hu misse wéinst enger Schlaang stoe bleiwen, déi hinnen de Wee verspäert hat. D’Déier vun 2,7 Kilo, mat enger Längt sou grouss wéi e mënschlechen Aarm, gouf spéider euthanaséiert.

D’Aga-Mouke goufen 1935 am australesche Queensland ageféiert, fir den Aga-Käfer ze bekämpfen. Eng Decisioun mat katastrophale Suitte fir aner wëll Déieren.

Back to Top
CIM LOGO