Virun der südlecher chileenescher Küst, net wäit vun der Magellanstrooss, gouf de jonke Mann vun engem Wal mat sengem Boot verschléckt an nëmmen e puer Sekonne méi spéit nees erausgespaut. Op engem Video, deen dem Mann säi Papp gefilmt huet, ass ze héieren, wéi hie kuerz nodeems e vum Déier erausgespaut gëtt a sech bei säi Papp rett, seet: “Ech duecht en hätt mech verschléckt”. Medie géigeniwwer sot de jonke Mann, hien hätt net realiséiert, wat passéiert wier.