Ni méi spadséiere goenKand verkeeft Familljemupp fir méi Täschegeld

RTL Lëtzebuerg
En 11 Joer aalt Meedchen aus Bayern hat wuel keng Loscht op d'Responsabilitéit, déi en Hond mat sech bréngt an huet kuerzerhand de Familljemupp verkaf.

Ma net just well hatt keng Loscht hat, mam Mupp spadséieren ze goen, mä och well d’Meedche säin Täschegeld wollt opbesseren, huet hatt ouni d’Wësse vu sengen Elteren de Familljemupp un e Frieme verkaf.

Wéi de Papp der Police vu Landshut erkläert huet, war d’Kand e Méindeg mam Yorkshire-Terrier zu Essenbach spadséiere gaangen, wourop hatt awer wuel keng Loscht hat. Doropshin huet d’Meedchen engem Friemen den Hond fir e puer Honnert Euro ugebueden an d’Suen u sech geholl.

De Papp wier réischt vum Verkaf gewuer ginn, wéi seng Duechter ouni Mupp Heem koum. D’Police konnt dem Mann awer net hëllefen an huet him geroden, selwer nom Keefer ze sichen an zivilrechtlech Schrëtt anzeleeden.

Back to Top
CIM LOGO