
Gesi gouf d’Déier zu Wadern am Landkreis Merzig-Wadern, deen u Lëtzebuerg grenzt. Géint 10.45 Auer huet eng 40 Joer al Automobilistin d’Déier gesinn, wéi si am Duerf ënnerwee war.
Si konnt ofbremsen an eng Foto vum Känguru maachen, éier dat sech nees aus dem Stëbs gemaach huet. Si huet doropshin d’Police alarméiert an hinnen d’Bild vum Déier gewisen. Direkt gouf sech op d’Sich no Känguru gemaach, ma d’Déier gouf net direkt fonnt. Vun der Foto hier ass een dovunner ausgaangen, datt et nach e jonkt Déier kéint sinn.
Am Laf vum Méindeg gouf erausfonnt, wien de Besëtzer vum Känguru ass an d’Déier konnt ugelackelt an nees agefaange ginn.