
Fir eng Famill huet e Moien um Camping un der Ostküst vun Australien mat engem Schreck ugefaangen: Zwee Känguruen, déi sech gestridden a géintenee geboxt hunn, sinn an d’Zelt geknuppt, an deem d’Famill ze schlofe louch.
Op engem Video vum Sender “9 News” ass ze gesinn, wéi d’Déiere matten am Sträit d’Familljenzelt ëmrappen an eng Fra aus Angscht jäizt. Wéi d’Mamm am Interview mat “9 News” erkläert, hat si “ëm d’Liewe vun hire Meedercher gefaart”. D’Kläpperei um Trial Bay Goael Camping nërdlech vu Sydney ass schlussendlech awer nach gutt fir d’Famill am Zelt ausgaangen.
Ob d’Känguruen ëm hiren Territoire oder ëm e Weibche gekämpft hunn, wier net gewosst. Normalerweis wiere Känguruen awer éischter friddlech Déieren, och wa si bei Konkurrenzkämpf ganz schéin aggressiv kënne ginn. Nieft dem Boxen gëtt de Géigner och hefteg mat de Féiss gerannt. Dowéinst solle Mënsche groussen Ofstand halen, wa si esou e Sträit tëscht Kängurue gesinn.