No massiver Kritik a ProtesterKannerjuegd op wëll Kazen an Neiséiland ofgesot

RTL Lëtzebuerg
E Juegdconcours, bei deem Kanner an Neiséiland wëll Kazen dout maache sollten, ass no heftege Protester deelweis ofgesot ginn.
© AFP Archivbild

D’Organisateure vum alljäerleche Juegdconcours haten dëst Joer eng eege Kategorie fir d’Kazejuegd kreéiert, un där Kanner bis zu 14 Joer deelhuele sollten. Als Präisgeld hunn 250 neiséilännesch Dollar - ëmgerechent 141 Euro - gelackelt. Am Virfeld gouf awer den Appell gemaach, keng Hauskazen ëmzebréngen.

Net gerechent haten d’Organisateuren allerdéngs mat den entsate Reaktiounen, déi hir Initiativ am Internet ausgeléist hat. Séier gouf ëmdecidéiert an elo ass de Juegdconcours op wëll Kazen am Kader vun enger Spendenaktioun fir eng Schoul op der neiséilännescher Südinsel eben ouni Kanner als Participanten.
Déiereschützer hu sech erliichtert gewisen. “Kanner kënne geneesou wéineg wéi Erwuessener tëscht enger wëller Kaz, engem Strummert oder enger fäertereger Hauskaz ënnerscheeden”, sou e Porte-parole vun der Déiereschutzorganisatioun SPCA.

D’Organisateure waren hirersäits entsat iwwert déi vill hefteg Reaktiounen op hir geplangte Kazejuegd fir Kanner. Bei de Schoulen an anere Bedeelegte wiere “grujeleg an net ubruecht E-Mailen” agaangen, hu si op Facebook geschriwwen. Fir weider negativ Reaktiounen ze vermeiden, hätte si decidéiert, “d’Kategorie fir dëst Joer zeréckzezéien”.

Ageschleeften an antëscht verwëldert Kaze sinn eng Plo an Neiséiland. Dem Ministère no, deen zoustänneg ass fir de Schutz vun der heemescher Flora a Fauna, stellt déi verwëldert Kaze-Plo eng Menace fir déi heemesch Déierewelt duer, besonnesch fir d’Vigel.

Back to Top
CIM LOGO