
D’Pompjeeë vun Dortmund hunn e Méindeg de Mëtteg fir en éischter aussergewéinlechen Asaz missen ausrécken. Eng Fra hat beim Spadséieren duerch de Quartier Hörde e Kaweechelchen an enger mësslecher Situatioun fonnt.
Wéi d’Pompjeeën op Facebook schreiwen, hätt d’Fra nach probéiert, d’Déier selwer aus dem Deckel ze befreien, ma well d’Kaweechelchen esou opgereegt an a Panik war, huet et probéiert d’Fra ze bäissen. Fir datt d’Déier sech berouege kéint, huet si et mat engem Schal ofgedeckt an huet dono d’Pompjeeë geruff.
Ma och si haten ufanks Problemer, dat verängschtegt Kaweechelchen ze befreien. Ma um Enn kruten d’Pompjeeën d’Déier befreit, dat dono direkt op den nächste Bam verschwonnen ass. D’Kaweechelche soll de Pompjeeën no net blesséiert gi sinn.
Wéi et weider heescht, wier et net dat éischt Kaweechelchen an där Situatioun gewiescht. Scho viru 4 Joer hätt eent aus engem Gulli misse befreit ginn. Ob et dat selwecht Déier war, konnt net gekläert ginn.