
Eng schwaarz-wäiss Kaz war géint 9 Auer op der Manternacher Gare an den Zuch a Richtung Stad geklommen.
Wéi de pelzege Matfuerer opgefall ass, hu sech d’Mataarbechter vun den CFL der Kaz ugeholl an no hir gekuckt. An der Stad ukomm, hunn d’Mataarbechter d’Kaz an d’Gaasperecher Déierenasyl bruecht.
D’Gemeng Manternach huet eng Foto vun der Kaz op Facebook gepost, an der Hoffnung de Meeschter vun der Kaz iwwer dee Wee z’erreechen.