
E Kazebesëtzer souz op sengem eegene Balcon fest a koum net méi bei sech eran. Wéi et dozou koum, war e ganz dommen Zoufall a säi véierbeenege Matbewunner war Schold. Wéi de Mann eraus op säi Balcon gaangen ass, huet hien d’Dier zwar just hannert sech zougezunn, ma seng Kaz ass widder d’Klensch gesprongen an huet d’Dier domat zougespaart.
De Mann hat den Handy dobäi a konnt du selwer d’Police ruffen. Déi hunn d’Pompjeeë geschéckt. Duerch eng gekippte Fënster nieft dem Balcon si si dunn an d’Wunneng erakomm a konnten de Kazebesëtzer aus senger mësslecher Situatioun befreien.