Déieren adoptéiere viru ChrëschtdagKee Kaddo, mee e Familljemember

Anne Wolff
Virun de Feierdeeg gëtt méi genee gekuckt wéi soss, éier een Déier vermëttelt gëtt.
Déieren adoptéiere viru Chrëschtdag - Kee Kaddo, mee e Familljemember
Virun de Feierdeeg gëtt méi genee gekuckt wéi soss, éier een Déier vermëttelt gëtt.

E Mupp oder eng kleng Kaz fir Chrëschtdag. Et ass eng Iddi, déi sécherlech an engem éischten Elan mol gutt kléngt. Ma well en Déier nun emol e Liewewiesen ass a keng Spillsaach, sinn d’Déierenheemer ronderëm d’Feierdeeg nach méi streng ewéi soss, fir hir Schützlingen ze vermëttelen. Mir hunn zu Gaasperech nogefrot, wéi ee mat där Situatioun ëmgeet. “Et kënnt scho mol vir, dass ëm Chrëschtdag den Telefon schellt a Leit da froe, si hätte gären eng kleng Kaz fir ënnert de Beemchen. Dat ass fir eis natierlech net esou schéin”, erzielt d’Liliane Ferron, Pressespriecherin vum Déierenasyl a Vizepresidentin vun der Déiereschutzliga. “Stellt Iech fir, dat ass e Kaddo a wann déi Persoun d’Déier net wëllt, da lant et erëm hei”.

Dofir kuckt ee virun de Feierdeeg nach méi genee wéi soss, éier een en Déier vermëttelt. Hënn ginn iwwert déi Deeg guer net vermëttelt, hei brauch ee méi Zäit fir ze kucken, ob Hond a Meeschter beienee passen. Schliisslech ass d’Gaasperecher Asyl elo schonn iwwerfëllt an et kann ee fir de Moment keng Muppe méi ophuelen. Wann ee vun de Bewunner dann en neit Doheem fënnt, soll dat och permanent sinn. An der Reegel geet een dofir och e puer Mol mam Hond spadséieren, éier een e mat heem kritt. Eréischt no enger gelongener Proufzäit vun zwou Woche kënnt dann déi eigentlech Adoptioun.

Haaptcritère ass do d’Zäit, ënnersträicht d’Liliane Ferron. Ma och dat Finanziellt dierft een net vergiessen: Nieft dem Fudder an dem Equipement kommen nach Veterinärskäschten op een duer.

Vill Muppen am Déierenasyl si Scheedungskanner, déi net konnten oder dierften an eng nei Wunneng plënneren. Oder awer si sinn erwuesse ginn an domat ze opgedréint, soudass d’Besëtzer iwwerfuerdert waren. Besonnesch spiert een awer d’Nowéie vum Covid. Dunn haten d’Leit Zäit, mee elo passt den Hond net méi an den Alldagsstress, erzielt den Déierefleeger Loïc Feltgen. Ausserdeem hätten d’Leit am Covid zwar Zäit gehat, mee et géif bei ville Muppen nach un der Erzéiung haperen. Si wiere jonk an opgedréint.

Kaze bleiwe manner laang am Asyl, op d’mannst di jonk a gesond. Si sinn zwar méi kleng a méi autonom, ma och si brauche genuch Beschäftegung doheem oder am beschten Auslaf an der Natur.

Allgemeng gëllt: Wie sech en Déier uschafe wëllt, muss sech dat gutt iwwerleeën. Hëllefe kann een iwwregens och ouni direkt en Déier z’adoptéieren- entweder iwwert en Don, oder et kann ee sech als Erwuessene beim Déierenasyl mellen, fir mat engem Mupp spadséiere goen. Wie sech prett spiert, en neie Familljemember opzehuelen, kann dat dann och a Rou no de Feierdeeg maachen.

Back to Top
CIM LOGO