Zu Rutland Water am Vereenegte Kinnekräich hat sech e klenge Muntjak, eng Gattung vun Hirschen, vum feste Buedem op eng zougefruere Baach getraut. Ma schonn no e puer Schrëtt kritt dee Klenge sech net méi op de Bee gehalen a muss sech ganz schéin ustrengen, fir nees stoen ze bleiwen. Eng Zeen, déi jidderengem bekannt virkënnt, deen den Zeechentrickfilm “Bambi” kennt.
Wéi den Déierefotograf Tony Marshall, dee sech trotz äisege Minusgraden eraus getraut huet, erkläert, geet et dorëm, “zum richtegen Zäitpunkt op der richteger Plaz” ze sinn. “Ech si reegelméisseg zu Rutland Water, et ass e groussen Terrain an et weess een ni, wat een do ënnen ze gesi kritt.”
Ma wéi hie selwer sot, hat et sech deen Dag definitiv “gelount” bei deene Konditiounen erauszegoen.
Muntjake sinn eng Gattung vun Hirschen, déi ursprénglech aus Asien kommen. Wéi bei bal allen Zorten Hirschen hunn och nëmme männlech Muntjaken e Gewei, dëst gëtt och meescht net méi laang ewéi 15 Zentimeter. Jee no Aart variéiert d’Faarf vun hirem Pelz tëscht gielzeg a gro-brong bis donkelbrong. Am 19. Joerhonnert hat den Duke of Bedford e Grupp Muntjaks mat a Groussbritannien bruecht, déi 1901 ausgewëldert goufen.