
De véier Joer ale Pinguin leit ënnert der Krankheet “Bumblefoot”. Mat spezielle gepolsterte Schong aus Gummi an Neopren, déi u seng Féiss ugepasst goufen, wëll de kaliforneschen Zoo him d’Liewe vereinfachen. Déi orthopedesch Schong verhënneren net nëmmen Drockstellen, ma hëllefen dem Lucas beim Goen a Stoen.
Zanterdeem wier schonn eng Verbesserung ze gesinn, betount déi zoustänneg Déierespezialistin. Säi Gang wier méi natierlech an hie kéint d’Gläichgewiicht och besser halen, sou d’Debbie Denton.
Virun dräi Joer hat de Lucas eng Entzündung am Réck. Doropshin hat hien déi chronesch “Bumblefoot"-Krankheet entwéckelt, déi Blessuren un de Féiss an un de Bee mat sech bréngt.