
E Schëffskapitän huet de kranke Wal an der Seine op der Säit dreiwe gesinn, sou d’Präfektur Seine-Maritime zu Rouen. D’Organisatioun Sea Shepard France huet dono mat hirer Hëllef den Orca lokaliséiert a säin Doud confirméiert.
Dat tonneschwéiert Déier soll elo un d’Ufer geschleeft a gebuerge ginn. Déierendokteren a Biologe wëllen de Wal ënnersichen. Et erhofft een, erauszefannen, wisou de Schwäertwal sech an den Äermelkanal an an d’Seine veriert hat an hoffentlech och, u wat e gestuerwen ass.
De Wal war dem Fuerschungsgrupp GEEC no eng éischte Kéier Ufank Abrëll eng 30 Kilometer virun der normannescher Küst entdeckt ginn. Zanterhier gouf hien ëmmer nees laascht d’Küst an dono an der Seine gesinn. Normalerweis sinn Orca-Waler éischter virun de Küste vu Schottland, Island an Norwegen doheem, ma och méi südlech am Atlanteschen Ozean am Golf vu Biskaya.