
Déi Zoustänneg vum Guinness-Buch hunn awer Zweiwel, ob de portugisesche Mupp vun der Rass Rafeiro wierklech esou al ginn ass. Dëst géif elo iwwerpréift ginn. Esou laang dës Iwwerpréiwung dauert, géif de Bobi säin Titel provisoresch emol oferkannt kréien, heescht et vun engem Guinness-Buch-Spriecher.
De Bobi, dee jo am Oktober 2023 gestuerwen ass, hat den Titel vum eelsten Hond vun der Welt eréischt 8 Méint virdru kritt. Domat hat hien e bal 100 Joer ale Rekord gebrach.
E Rafeiro-Hond gëtt an der Reegel 12 bis 14 Joer al. Bis elo huet d’Guinness-Buch kee Grond genannt, firwat een um Alter vum Bobi zweiwelt.