
Am Norde vun Australien huet e Salzwaasserkrokodil eng kleng Gemeng terroriséiert. D’Déier, wat ronn 3,6 Meter laang ass, huet am Waasser gelauert, huet sech dann ugeschlach a probéiert, Leit, Kanner wéi Erwuessener, ze bäissen, esou d’Police aus dem Northern Territory. Do hätt et wuel keen Erfolleg gehat, ma d’Krokodil hätt awer verschidden Hënn an aner Déieren erwëscht.
No Ofsprooch mam Duerfeelsten an de Geschäftsleit am Duerf Bulla gouf dat bëssegt Déier en Dënschdeg erschoss an, wéi d’Police schreift, “op eng traditionell Aart a Weis” zu engem Iessen zoubereet. “Ech mengen, et gouf eng Krokodilschwanzzopp, verschidde Stécker goufe gegrillt an anerer a Bananneblieder agewéckelt an ënnert der Äerd gekacht”, sot ee Polizist dem australesche Sender ABC.
D’Autoritéite ginn dovunner aus, datt d’Déier wärend den Iwwerschwemmungen am Ufank vum Joer an de Floss an der Géigend vum Duerf gewandert war. D’Gemeng läit ronn sechs Stonne südlech vun Darwin.