"De Stëmmchen", "De Kullangsjäng" oder "De Monnonk" dat si just e puer vun deene Personnagen vun deenen den Henri Losch a sengem neie Buch verzielt. "Sympathesch Kauzen" sou den Titel. D'Bea Kneip stellt Iech et vir.

"Sympathesch Kauzen" vum Henri Losch

Eng liicht schrulleg Persoun nennt ee jo gären och emol e Kauz. Deen do ass e komesche Kauz, seet een da meeschtens, an et mengt een domat, et ass e gelungenen, e wéineg exzentresch, villäicht souguer onheemlech. Der ongewéinlecher Personnagen huet den Henri Losch a senge 87 Joer wuel vill begéint, verschiddener huet e gutt kannt anerer manner, an nach anerer just vum Héieresoen. "Komesch Kauzen" wollt en se awer net nennen, an dofir heescht säin neit Buch "sympathesch Kauzen". Déi 24 Erzielungen baséieren nëmmen zum Deel op der Realitéit, villes ass Fiktioun.
An all deene Geschichten stécht e bëssen eppes amüsantes, awer och eppes traureges.   Zum Beispill an der vum Klarinettist, engem talentéierte Museker, den  awer ni d'Méiglechkeet krut fir iwwert d'Duerfmusek erauszekommen. Oder déi zwee Bridder, Originaler allebéid,  déi als Monni beim Haus, bei hirem eelste Brudder um Haff gewunnt hunn, an sech dach zäitliewes aus dem Wee gaange sinn. Personnagen wéi et se zu där Zäit, wuel a villen Dierfer tatsächlech gouf.
Ob déi eenzel Kauzen elo sympathesch sinn, oder net, dat muss all Lieser fir sech entscheeden.
Eent steet fest, den Henri Losch kann erziele wéi keen zweeten. Aus der Schoul, aus dem Theater oder vun der Rees. Egal op zu Lëtzebuerg, an de Schwäizer Bierger, an Italien oder bei engem  distinguéierten engleschen Gentleman a sengem Landhaus, 40 der Kauzen kommen hei zu Wuert, Mënsche wéi se méi verschidden net kéinte sinn. Droleg Koppelen, schrulleg Männer a Fraen oder einfach nëmme Wënnerlecher, eppes verbënnt si alleguer: si sinn eenzegaarteg. Sympathesch Kauzen eben...
 
"Sympathesch Kauzen" vum Henri Losch ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm. Iwwregens kritt een d'Buch mat 3 verschiddene Coveren ze kafen

RTL

© RTL/Bea Kneip