Den neie Roman vum Jhemp Hoscheit spillt zu Esch am Joer 1965.

Eigentlech war et net als eng Trilogie geplangt; an awer kéint een dem Jhemp Hoscheit seng Romaner "Perl oder Pica", "Aacht Deeg an der Woch" a "Wootleche Krich"  esou gesinn. Thema vun allen 3 ass Esch an de 60er Joren. Woubäi d'Chronologie liicht duerchernee gerode wier, well dee leschten, "Wootleche Krich" spillt am Joer 1965, also zäitlech gesinn tëscht deenen 2 aneren. D'Bea Kneip huet sech mam Jhemp Hoscheit ënnerhalen.

Wootleche Krich

Wa "Perl oder Pica" kloer en autobiographesche Roman war, dann ass dat bei "Wootleche Krich" net esou offensichtlech. Zemol et hei net eng Haaptpersoun gëtt, mä et geet em eng Clique vu Bouwen, déi sech zesummendinn fir e Rätsel ze léisen. De Max, dem seng Eltere getrennt liewen, huet sech virgeholl, dee Mann ze fannen, dee seng kleng Schwëster Alice am Lavalspark onsittlech ugepaakt huet. Dowéinst grënnt en eng Clique, e seet senge Kollegen awer net wourëms et wierklech geet. De Max ass awer net den eenzegen den e Geheimnis huet: Do wier emol säi Papp deen him net erziele kann, dass hien a Wierklechkeet e Geheimagent ass den Telefonsgespréicher vu Kommunisten oflauschtert. Oder dem Nick seng Mamm déi eng kleng Epicerie féiert an déi regelméisseg anonym Bréiwer geschéckt kritt. An ass et wouer, wat d'Madame Kettels vu verschiddene Clienten erzielt kritt, dass de Kaploun de Massendénger méi no komm wier, wéi dat sech passt? A wat bedeit dee geheimen Optrag deen de Schoulmeeschter, den Här Merges, dem Alain ginn huet? E lauter Rätselen, déi wëlle geléist ginn...Eigentlech wollt de Jhemp Hoscheit kee Roman méi erausbréngen, mä dunn huet en decidéiert fir sech selwer ze schreiwen:

"Wootleche Krich" ass wuel eng Fiktioun, mä a ville vun de Personnagen verstoppe sech autobiographesch Elementer
Vill Jhemp stécht wuel och an de sëlleche kulturelle Referenzen, zum Beispill op de Mythe de Sisyphe vum Camus, op den Theater vum Shakespeare oder och nach op zäitgenëssesch Popmusek.

D'60er Joren waren eng Zäit vum Ëmbroch, d'Welt huet sech ganz rapid verännert
Den Titel "Wootleche Krich" ass net vu Muttwëll, et ass eng Zäit vun den ideologesche Konflikter an net zu Lescht der Angscht virun deene sougenannte Rouden. Dat ass och déi Geschicht déi de Max senge Frënn opdëscht, si géifen e Spioun sichen, den "roude Jojo".

Ideologesch Konflikter déi iwwert d'Elteren bis an d'Welt vun de Kanner erareechen. Wat wierklech dohanner stécht , dat mussen de Max a seng Kollegen awer fir sech selwer entdecken, an dësem wootleche Krich.

"Wootleche Krich" vum Jhemp Hoscheit ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm. An dass en sech net nëmme mat de 60er Joren, mä och mat der Aktualitéit ausenanersetzt, dat beweist hien a sengem aktuelle Kabaretsprogramm "Märd alors" zesumme mam Julien Arpetti. Dat ass iwwregens och elo als Buch erauskomm.

RTL

© RTL/Bea Kneip