D'Nathalie Ronvaux erzielt ënner anerem vun hirem neie Roman "Le Chesterfield du cinquième"

Invitée an der RTL BicherLies ass haut d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux . Mat „Subridere, un aller simple“ hat si 2017 en éischte Roman virgeluecht an dem eng erfollegräich jonk Affekotin stënterlech decidéiert alles stoen a leien ze loossen, an en Zuch op Paräis ze huelen. An hirem neie Roman mam Titel „Le Chesterfield du cinquième“  schléit si méi optimistesch Téin un. Am Mëttelpunkt steet d’Frëndschaft tëscht zwee ongläiche Personnagen, deem jonke Luka a sengem Noper vum fënnefte Stack. D’Nathalie Ronvaux erzielt dem Jérôme an dem Bea vun hirem Buch, hirer Aarbecht als Vizepräsidentin vum neie Schrëftsteller-inne-Verband a si verréit wéi ee Roman si ganz besonnesch beandrockt huet.

https://perma.rtl.lu/a/1549527
RTL

© éditions Guy Binsfeld

De Buchtipp vun der Nathalie Ronvaux: "Rhapsodie des oubliés" vun der Sofia Aouine

RTL