
Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d’Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. “Roserei” ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass “moshen”? Am Interview gëtt et d’Äntwert!
De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform “Aner Welten” Elo ass säin éischte Roman mam Titel “Roserei” erauskomm
“Roserei”
Cosimo Suglia
Sprooch: Lëtzebuergesch
Erauskomm bei Op der Lay
ISBN 978-2-87967-281-6
144 Säiten
17,90€
