RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1974: Playmobil, Rubik's Cube & vill Tëlee

Michelle Reiter
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© AFP Archivbild

Déi genial Erfindung un déi Jiddereen Erënnerungen huet war 1974 eigentlech aus der Nout eraus entwéckelt ginn. No der Uelegkris vum Joer virdru waren d’Präisser fir Plastik ze produzéieren explodéiert an d’Firma Geobra, déi grouss plastiks Spillsaache produzéiert huet wéi Hula-Hoop oder Kannertrakter mat Pedallen, huet missen ëmdenken. Nei Spillsaachen fir déi sou mann wéi méiglech Matière Première néideg war hu missen entwéckelt ginn. Esou goufen am Febraur 1974 déi éischt Playmobils-Männercher op der SpillFoire vun Nürnberg presentéiert. Déi éischt dräi, dat war e Ritter, e Bauaarbechter an en (wéi een déi Zäit nach gesot huet) Indianer. D’Erfindung sollt sech scho bal als Flop erausstellen, bis um virleschten Dag vun der Foire en händler aus Holland Wuer am Wäert vun enger Millioun Mark bestallt huet.

D’Männercher gesinn am Prinzip Haut nach ëmmer aus wéi ganz ganz fréier. Den Design ass u Kannerhänn an un deene klengen hir Psychologie ugepasst. D’Gesiicht gesäit aus wéi eng klassisch Zeechnung vun engem Kand. E ronne Kapp, zwee An an e gezeechente Mond. D’Gréisst vun den Ur-Figuren, dat waren 7,5 cm, déi perfekt Gréisst fir eng Kannerhand. D’Fisur war fest, de Kapp konnt een dréien, grad wéi d’Äerm an d’Been.

Déi genial Erfindung un déi Jiddereen Erënnerungen huet war 1974 eigentlech aus der Nout eraus entwéckelt ginn.

All Männchen war bei der Gebuert 1974 d’nämmlecht. Eréischt mat Hutt oder Rüstung oder soss Accessoiren huet en eng Identitéit kritt.
Déi éischt zwee Joer war Playmobil eng reng Männergesellschaft. D’Frae koumen 1976 dobäi. Déi alleréischt Figur war eng Hausdamm mat Staubsauger a Kläpper fir den Teppech. Duerno koumen Indianerinnen, Infirmièren an eng edel Kinnigin.
Méi spéit da sinn déi aner dobäi komm: Piraten, Ritter, Déieren wéi Päerd oder Kéi a Schof um Bauerenhaff. Schubkar, Schwerter, Policegefierer… je, a wat net nach alles mat deem och Haut, 52 Joer méi spéit, nach gespillt gëtt.

© AFP Archivbild

De Rubik’s Cube. Firwat Rubik? Well den ungareschen Bau-Ingenieur, Architekt an Designprofesser dee sech dee Wierfel ausgeduecht huet esou heescht: Ernő Rubik. Hie wollt deen, wéi mer soen Zauberwierfel awer net als Spillsaach erfannen, mee als Instrument fir senge Studenten e raimlecht Denken bäizebrengen.

Esou huet hien ronderëm experimentéiert a wou hien säi Prototyp, deemools aus Holz, eng éischte Kéier verdréit an d’Faarwe gemëscht hat, huet et e ganze Mount gedauert bis hien selwer déi mathematesch Logik hanner dem Würfel geknackt hat. Domat war e Verkaafs-Schlager gebuer.
D’Erfindung also gouf 1974 gemaach. 1977 koum de Wierfel fir t’éischt op den ungaresche Maart an 1980 huet de ‘Rubik’s Cube’ dunn d’Welt eruewert. Bis Haut, heescht et wiere 500 Milliounen Exemplairen iwwer d’Théik gaang. Déi Onzuel u Kopien net matgerechent. Also schnon e Verkaafsschlager, de Wierfel mat de 6 Faarwen: Giel, Wäiss, Gréng, Rout, Blo an Orange.

De Rubik’s Cube. Firwat Rubik?

© AFP

Do ware fir Grouss a fir Kleng vill Saachen dobäi déi villen Haut och nach bekannt sinn. E Krimi deen iwwer 20 Joer op der Däitscher Tëlee gelaf ass, den 'Derrick' mam Horst Tappert als Inspekter Stephan Derrick an de Fritz Wepper als Harry Klein. Et war och den Ufank vu ville Quiz-Sendungen, wéi 'Der Grosse Preis' oder 'Am laufenden Band' mam Rudi Carrell wou de Gewënner um Schluss 40 Saachen op engem Lafband gesinn huet, an all dat wat en duerno nach konnt opzielen huet him gehéiert. Da goufen et endlech och mol méi Kannersendungen wéi 'Wickie und de starken Männer' wou direkt am Januar 1974 déi éischt Sendung vum schlaue Wickingerjong koum. Kult absolut. D'Heidi wat an der éischter Serie bei säi Bopa op d'Alm geplënnert ass, d'Geessen an de Peter kennegeléiert huet.

An nach eng weider Kannersendung ass '74 ugelaf: Kli-Kla-Klawitter. D'Kannerserie ronderëm de roude Bus. Alles Serien déi am Joer 1974 gestart sinn. Deemools, wou de faarwege Fernsee nach en deiere Luxus war. E schwaarz/wäisse Modell huet ee fir tëscht 6.000 an 12.000 Frang kritt. 150-300 Euro. Eng faarweg Tëlee ëm déi 1.000.

Do ware fir Grouss a fir Kleng vill Saachen dobäi déi villen Haut och nach bekannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO