RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1987: Ronald Reagan, Simpsons & U2

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© AFP/Archives/GABRIEL BOUYS

Am Juni ’87 hält den US-Präsident Ronald Reagan eng Ried zu West-Berlin virum Brandenburger Tor. Den Opruff un de sowjetesche Staatschef Michail Gorbatschow gëtt zwee Joer drop Realitéit.

1987 gëtt et nach ee Moment, deen Hoffnung mécht. Am September nämlech ënnerschreiwen eng sëllege Staaten de Potokoll vu Montreal, an deem se sech verflichten Stoffer ze reduzéieren, déi d’Ozonschicht futti maachen. 1973 schonn haten d’Chemiker Mario Molina a Frank Sherwood Rowland d’Hypothese opgestallt, datt vum Mënsch hiergestallte Verbindungen aus Kuelestoff, Chlor, a Fluor der Ozonschicht massiv schueden. Dës Stoffer goufen dacks als zum Beispill Killmëttel a Frigoen oder a Spraydouse benotzt. 1985 du war d’Ëffentlechkeet schockéiert wou fir d’éischte Kéier d’Ozonlach iwwert der Antarktis gemooss an domadde bewise gouf a kloer war datt déi onsiichtbar Schicht an der Loft, déi eis viru kriibserreegender Sonnestralung schütze soll, amgaangen ass ze verschwannen. Mam Protokoll vu Montréal goufen déiu Stoffer verbueden an dat Schlëmmst, opmannst virleefeg, verhënnert.

Hitmaschinn 1987 Geschicht

E Mount drop dann erlieft d’Welt 1987 awer nawell e Schock: de Black Monday. De 19. Oktober ’87 erlieft d’Welt dee bis haut gréisste Boursecrash op engem eenzegen Dag. Alleng den amerikaneschen Index Dow Jones verléiert dee 19. Oktober 22,6% Prozent. Et gëtt net ee Grond fir d’Ofstierzen op de Boursen: et ass en Zesummespill tëscht makroökonomesche Spannungen, dem onkontrolléierten Zesummespill vu neie computergesteierten Trading-Systemer, an, um Enn, Panik.

De Britt Rick Astley ass deemools e jonke Sänger an zum richtege Moment op der richteger Plaz. E schafft hannert de Kulissen als Sänger a Museker a gëtt vum Pete Waterman entdeckt. De legendäre Produzententrio Stock Aitken Waterman hëlt de jonke Rick ënnert seng Fittecher, 1987 kënnt „Never Gonna Give You Up“ eraus, gëtt zum Welhit, a vill spéider entsteet den Internetphenomen vum “Rickrolling”, wou een beim Musekvideo vu “Never Gonna Give You Up” land, obwuel een eigentlech op eppes anescht geklickt hat.

Hitmaschinn 1987 Kult

Am Kino begeeschtere 1987 de Patrick Swayze an d’Jennifer Grey. Hannert der Liebesgeschicht geet et och ëm gesellschaftlech Grenzen a Selbstbestëmmung.
Den Oscar gewënnt „Dirty Dancing“ fir den Titelsong. An och d’Simpsons dauchen an deem Joer eng éischte Kéier op. D’Zeechentrickfamill ronderëm den Homer an d’Marge mécht hir éischt Apparence a kuerze Sequenze wärend der “Tracey Ullman Show”. Deemools weess nach keen, datt aus deene giele Männercher eng vun de bis haut bekanntste Fernseeserië wäert ginn.

Am März brénge U2 hire fënnefte Studioalbum eraus. “With or Without You”, “Where the Streets Have no Name”, “I Still haven’t Found What I’m looking for” – alles Nummeren déi U2 ee vir alle Mol als eng vun de grousse Bands an der Rockgeschicht etabléieren. Spéider gewënnt “The Joshua Tree” souguer de Grammy fir den Album vum Joer.

Hitmaschinn 1987 Musek Kult

Am August ’87 leet de Michael Jackson no. Mat “Bad” liwwert de King of Pop no 5 Joer de laang erwaarte Nofolger vum “Thriller” Album. Ma esouguer mat 5 Nummer 1 Singelen an den USA konnt de Michael Jackson säin eegene Rekord net toppen. “Bad” verkeeft sech zwar ca. 35 Millioune mol weltwäit, ma “Thriller” bleift – bis haut iwwregens – deen erfollegräichsten Album mat ca. Duebel esou vill Verkeef.

An da gouf et ’87 natierlech och en ESC! Mat “Hold Me Now” konnt den Johnny Logan d’Eurovisioun no 1980 scho fir d’zweet fir sech entscheeden. Zwou vun am ganze 7 Victoire fir Irland ginn domadder op säi Kont.

Back to Top
CIM LOGO