RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1988: Steffi Graf, CD, Seoul 88

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© CHRIS WILKINS / AFP

1988 : e Joer an deem eng Tennislegend Geschicht schreift:

1988 : e Joer an deem eng Tennislegend Geschicht schreift:

1981 gëtt d’Compact Disc der Weltëffentlechkeet presentéiert, d’Joer drop leede Sony a Philips d’Masseproduktioun an. Ma 1988 war dat Joer, an deem weltwäit fir t’éischte Kéier méi CD’e verkaf goufe wéi Placken. Digital Qualitéit am Klang, kee Knisteren, an eng méi einfach Handhabung, esou d’Verspriechen. An de fréien 2000er erreecht d’CD hiren Héichpunkt mat Milliarde Verkeef all Joer.

Ma du goung et lues a lues biergof mam physesche Medium. D’Bandbreet vum Internet gëtt méi grouss (Stéchwuert DSL), d’MP3 Format setzt sech duerch, an d’Leit fänken un Musek erofzelueden. 2003 stellt Apple den iTunes Music Store vir. D’Era vum Musek Download geet duerno fléissend iwwer an d’Era vum Streaming, an där mir elo sinn. 2022 hat d’CD nees e klengen Hype. Ma dee “old school” Medium, dee bei Musek Fans am héchsten am Cours steet ass nach ëmmer déi gutt al Plack!

1981 gëtt d’Compact Disc der Weltëffentlechkeet presentéiert, d’Joer drop leede Sony a Philips d’Masseproduktioun an.

1980 goufen d'olympesch Spiller zu Moskau ausgedroen. Ënnert der Féierung vun den USA haten iwwer 60 Länner d'Spiller boykottéiert. Ausléiser war den Iwwerfall vun der Sowjetunioun am Afghanistan 1979. D'Retourkutsch koum 1984, wou dat olympesch Feier säi Wee op Los Angeles fonnt hat. D'Sowjetunioun a 14 weider Ostblock Staaten, dorënner och d'DDR, hunn d'Spiller an den USA boykottéiert.

1988 trieden zu Seoul déi meeschte Natiounen un. En Zeeche vun Entspanung am kale Krich. Et sinn déi éischt Spiller op der koreanescher Hallefinsel an se sti fir e Land, dat sech rasant moderniséiert. Am Tennis gewënnt d'Steffi Graf Gold a komplettéiert hire legendäre Golden Slam. Dominéiert ginn d'olympesch Spiller '88 vun der Sowjetunioun mat 55 Goldmedaillen an 132 Medaillen insgesamt.

Ee Skandal bleift awer och an Erënnerung: E puer Deeg nodeems de Kanadier Ben Johnson d'100 Meter a Weltrekordzäit leeft verléiert en seng Goldmedal nees: en Dopingstest war positiv. Haut wësse mer: 6 vun den 8 Finaliste goufen am Laf vun hirer Karriär mat Doping a Verbindung bruecht.

1980 goufen d'olympesch Spiller zu Moskau ausgedroen. Ënnert der Féierung vun den USA haten iwwer 60 Länner d'Spiller boykottéiert.

Back to Top
CIM LOGO