
Zwee Nimm, déi spéider zu risegen Internetkonzerner sollte ginn, hate virun 32 Joer grad hir éischt Schrëtt gemaach: Amazon an Yahoo. De Jeff Bezos huet Amazon 1994 gegrënnt. D’Iddi war deemools nach zimlech einfach: e Bichergeschäft um Internet. De Bezos wollt dat maachen, well hie gesinn hat, wéi séier d'Leit ëmmer méi de World Wide Web genotzt hunn. Amazon war deemools nach net den Online-Ris, dee mir haut kennen, mee eng kleng Start-up, déi sech op Bicher konzentréiert hat. Gläichzäiteg haten zwee Studenten op der Stanford University eng aner Iddi. De Jerry Yang an den David Filo hunn 1994 eng Websäit opgebaut, déi fir si selwer als eng Zort Iwwersiicht iwwer den nach ganz neien Internet geduecht war. Si haten déi verschidde Websäiten a Kategorien agedeelt. Aus „Jerry and David’s Guide to the World Wide Web“ war kuerz drop Yahoo ginn. Dat Ganzt hat deemools nach vill méi no Studente-Projet wéi Weltkonzern geklongen.
Fir Südafrika war den Abrëll 1994 en historeschen Ament. Millioune Mënsche sinn an d’Wahlkabinne gaangen, fir fir d’éischte Kéier un demokratesche Walen deelzehuelen, un deenen d’Populatioun onofhängeg vun hirer Hautfaarf konnt matmaachen. Och den Nelson Mandela hat den 27. Abrëll fir d’éischte Kéier a sengem Liewe gewielt. Hie war deemools 75 Joer al. Säin African National Congress, den ANC, war als stäerkste politesch Kraaft aus de Wale erviergaangen an hat an de meeschte Provënze gewonnen. Den 9. Mee ass Mandela vum neie Parlament zum President gewielt ginn. An den Dag drop war et zu Pretoria zur Vereedegung komm. Den Nelson Mandela war domat den éischten demokratesch gewielte President vu Südafrika ginn.Déi Biller vun deem Dag sinn ëm d’Welt gaangen: de Mandela hat virun Dausende Leit geschwat an eng nei Zäit fir säi Land ugekënnegt. Fir de Mandela ass et dobäi net nëmmen ëm e politesche Wiessel gaangen. Hien hat vu Fridden an engem neie Südafrika geschwat, an deem schwaarz a wäiss Bierger zesumme liewe sollten.
Am Mee 1994 huet de Michael Jackson d’Lisa Marie Presley bestuet – d’Duechter vum Elvis Presley. D’Hochzäit war an der Dominikanescher Republik an enger privater Zeremonie ofgehale ginn. Fir d’éischt war d’Nouvelle net offiziell confirméiert ginn. Eréischt am August hat d’Koppel d’Bestietnes ëffentlech confirméiert. Domat waren zwee vun de bekanntste Familljennimm aus der Popgeschicht zesummekomm: op där enger Säit de Michael Jackson, deen zënter Joren als King of Pop gefeiert gi war, an op där anerer Säit d’Lisa Marie Presley, dat eenzegt Kand vum Elvis Presley. D’Hochzäit war awer net déi eenzeg grouss Schlagzeil ronderëm Jackson. Zanter 1993 war hie mat Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch konfrontéiert.