RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1998: Olympia, WM, Google, Apple & Paypal

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.

1998 war den Internet nach fir vill Leit eng nei Welt. Et gouf scho puer Sichmaschinne, mee dacks ware Resultater onpräzis oder onkomplett. Dat wollten zwee Studenten vun der Stanford University änneren. De Larry Page an de Sergey Brin haten eng nei Sichmaschinn entwéckelt, déi d'Wichtegkeet vun enger Internetsäit net nëmmen un de Schlësselwierder gemooss hat, mee och dorun, wéi vill aner Säiten op si verwisen haten. Bei sou engem System schwätzt ee vu "PageRank". De 4. September 1998 gouf Google offiziell gegrënnt. Den Numm war vum mathematesche Begrëff "Googol" inspiréiert ginn – enger Zuel mat enger 1 an honnert Nullen. Dat sollt déi bal onendlech Quantitéit un Informatiounen am Internet symboliséieren.

1998 war den Internet nach fir vill Leit eng nei Welt.

Den éischte Sëtz vun der Firma war eng gelounte Garage zu Menlo Park a Kalifornien. Déi éischt Investitioun waren 100.000 Dollar. Wat mat zwou Persounen an enger Garage ugefaangen hat, ass bannent e puer Joer zu enger vun de gréissten Technologiefirmen op der Welt ginn. Haut gi Milliarde Sichufroe pro Dag iwwer Google gemaach, an och Servicer wéi Gmail, Google Maps oder Android sinn aus dem Alldag net méi ewechzedenken.

Vum 7. bis den 22. Februar 1998 waren et déi 18. Olympesch Wanterspiller an der japanescher Stad Nagano. Méi wéi 2.100 Sportler aus 72 Natiounen haten un de Spiller deelgeholl.
Et sinn déi éischt Wanterspiller gewiescht, bei deene Fraen-Eishockey offiziell um Programm stoung. Och Curling war no Joerzéngten erëm olympesch ginn. Am Medailespigel konnt Däitschland sech mat 12 Gold-, 9 Sëlwer- an 8 Bronzemedaille viru Norwegen an Russland duerchsetzen.

Hitmaschinn 1998: Olympia, WM

Am Summer konnt du Frankräich iwwerzeegen. Vum 10. Juni bis den 12. Juli war d'Fussball-Weltmeeschterschaft ausgedroe ginn. Fir d'éischte Kéier haten net méi 24, mee 32 Equippe matgespillt. Insgesamt si 64 Matcher viru méi wéi 2,7 Millioune Spectateure gespillt ginn. An der Finall am Stade de France huet Frankräich Brasilien mat 3:0 geschloen. De Zinédine Zidane hat zwee Kappbäll erageschoss, den Emmanuel Petit hat an der Nospillzäit den drëtte Gol markéiert. Fir Frankräich war et den éischte Weltmeeschtertitel an der Geschicht vum Land.

© AFP

1998 war Apple an enger Krise. D'Firma hat finanziell Problemer an huet géint d'Konkurrenz vu Microsoft misse kämpfen. Nom Retour vum Steve Jobs ass am August den iMac G3 presentéiert ginn. Den transparenten an zum Deel och faawege Computer huet revolutionär ausgesinn. Trotz vill Skepsis war den iMac e grousse Verkafserfolleg ginn an huet Apple erëm zu enger Firma mat vill Succés konnte maachen.

1998 war Apple an enger Krise.

Am selwechte Joer gouf och Confinity gegrënnt. D'Firma hat eng Léisung entwéckelt, fir Suen digital iwwer den Internet ze verschécken. Aus Confinity ass e puer Joer méi spéit PayPal ginn. D'Plattform hat sech séier duerchgesat, besonnesch well ëmmer méi Leit ugefaangen hunn, online anzekafen. 2002 war PayPal fir ronn 1,5 Milliarden Dollar vun eBay opkaaft ginn. Haut zielt de Bezuelservice Honnerte Millioune Benotzer weltwäit. 1998 war domat fir Apple den Ufank vum Comeback an fir PayPal den Ufank vun enger digitaler Revolutioun a Saache Bezuelung.

Back to Top
CIM LOGO