Am TaktLSC & Dontnod

Bob Konsbruck
Wat ass vun den Auditions fir den LSC zeréckzebehalen a wéi kléngt Dontnod mat enger Harmonie?
© RTL Grafik

De leschte Weekend waren d'Auditions fir de Luxembourg Song Contest an der RTL City. Eng 80 Talenter hate sech gemellt a konnte mat engem Lidd vun hirem Choix probéieren de Jury z'iwwerzeegen. Ënnert den 12 Persounen déi fir déi nächst Ronn iwwerzeege konnten, sinn deels bekannte Gesiichter awer och ganz nei Stëmmen.

© Dontnod

Op Besuch war dann och de Funez vun Dontnod. Éischtens fir iwwert déi 3. Single vun der EP 4 Seasons ze schwätzen (Faith & Wonders feat. Daniel Miglosi) an zweetens fir de Concert de 24. Oktober an der Schungfabrik zu Téiteng, zesumme mat der Harmonie Victoria Téiteng, Serge Tonnar a Corbi/Fluit vun de Läb, virzestellen.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod:

Back to Top
CIM LOGO