D‘Abtei Neimënster kritt eng nei Presidentin. D'Françoise Poos iwwerhëlt de Poste vum Fränk Feitler.

Hie gëtt no bal 3 Joer aus perséinleche Grënn d‘Presidence am CA of.

D'Françoise Poos huet hir berufflech Carrière bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaangen an ass Chercheuse um Gebitt vun der visueller Kultur.

Ë.a. war si als Consultante un der Grousser Edward-Steichen-Expo „The Bitter years“ 2012 bedeelegt.

Tëscht 2013 an 2017 war d‘Françoise Poos Presidentin vum CA vum Soziokulturelle Radio.

Den Etablissement Public Abtei Neimënster gouf 2004 geschaf.