Mat de wichtegste Skulpteur aus der Lëtzebuerger Konschtgeschicht, de Charles Kohl, huet zwee Mol de Prix Grand-Duc Adolphe gewonnen.

1996 war seng lescht grouss Ausstellung - héich Zäit also, dem mëttlerweil verstuerwene Kënschtler eng Expo ze widmen.

De Charles Kohl war a Vergiessenheet geroden. An dobäi war hie säi Liewe laang immens produktiv. No sengem Doud 2016 huet dunn d'Famill net nëmmen en Internetsite an d'Liewe geruff, si ass och op d'Villa Vauban duergaangen, fir déi bekannt a manner bekannt Wierker, déi hien hannerlooss huet, dem Public erëm ze presentéieren.

Skulpturen aus Marmer, Gips, Bronze an Terracotta, mä och Zeechnunge sinn no verschiddene Perioden an der Villa Vauban agedeelt. Ëmmer erëm weist de Charles Kohl d'Gefill vun Isolatioun, dem Agespaartsinn, Ausbriechen oder Ausgeliwwertsinn.

Seng stiliséiert Kierper a Gesiichter liewe vun hirem staarken Ausdrock an dat obwuel se keng konkret Zich hunn. Fir d'Expo sinn eng ganz Rei vu senge Wierker, déi hien hannerlooss huet oder vu private Sammlungen, gesicht ginn. Een Highlight ass déi Skulptur, mat där hien 1956 de Prix Grand-Duc Adolphe fir d'éischt gewonnen huet.

Wien dem Charles Kohl seng Wierker entdecke wëll, dee kann d'Expo nach bis de 17. Januar an d'Villa Vauban kucke goen.