No laanger Paus komme Museksfrënn zu Lëtzebuerg endlech nees op hir Käschten.

Den Atelier huet nämlech e Mëttwoch de Moien e puer Concerten ugekënnegt, déi nach dëst Joer wäerten organiséiert ginn. Den Ufank vun der Serie "Intimate shows" feiert Serdar Somuncu de 4. Oktober um Site vun Opderschmelz. Weider geet et den 8. Oktober mat Hania Rani am Atelier selwer.

Direkt 4 Concerte si fir de Mount November virgesinn. Den 21. November spille Chassol an de Raimlechkeete vun Opderschmelz. Am Atelier wäerte Faun den 22. November fir Stëmmung suergen. De Stephan Eicher trëtt de 25. November an der Philharmonie op a Klein + Glass Museum den 29. November am Atelier.

De leschte Concert vun dëser Serie wäert den 12. Dezember 2020 sinn. Do spillen Hooverphonic am Atelier.

Reservéiert Plazen an obligatoresche Mondschutz

Bei der Organisatioun vun dësen Evenementer stoung d'Gesondheet vun de Visiteure ganz am Virdergrond. Dowéinst huet den Atelier eng Partie Mesurë geholl, fir de Gäscht e sécheren Openthalt garantéieren ze kënnen.

D'Unzuel u Visiteure gouf limitéiert an d'Sëtzplaze reservéiert, fir genuch Ofstand tëscht de Leit ubidden ze kënnen. Donieft gëllt och eng Maskeflicht.