De Salon vum CAL gëllt als e wichtege Rendez-vous fir d'Lëtzebuerger Konschtzeen.

D'Ausstellung ass en Zesummekomme vun zäitgenësseschen Themen, déi d'Welt beschäftegen an dat aus der Vue vu 47 selektionéierten Artisten. All zwee Joer gëtt dann och am Kader vum Salon de „Prix Pierre Werner" verginn. De Choix ass dëst Joer op zwee Kënschtler gefall, d'Lisa Kohl an de Filip Markiewicz, déi der Jury no an dëse schwéieren Zäiten den Nol op de Kapp getraff hunn.

Et soll eng Ausstellung vu Qualitéit sinn, dofir ass d'Participatioun beim Salon vum CAL mat Reglementatiounen a Critèrë verbonnen, déi erfëllt musse ginn. E professionelle Jury huet sech och dëst Joer erëm fir de "Prix Pierre Werner" zwee Kënschtler erausgesicht, déi hirer Meenung no am beschten dem Esprit vun der Zäit entspriechen. D'Lisa Kohl an de Filip Markiewicz.

D'Lisa Kohl krut de Präis fir hir Serie „Sleepers 2". Fotoen, déi 2019 wärend enger Kënschtlerresidenz vun 2 Méint zu Los Angeles entstane sinn. Si schafft gären um Terrain a wat hir un der amerikanescher Küstestad virun allem opgefall ass, sinn déi staark Kontraster a Parallelwelten, déi hei openeentreffen. D'Lisa Kohl bezeechent sech selwer net just als Fotografin. Hir artistesch Approche ass et, installativ ze schaffen a virun allem Stëmmungen ze crééeieren.

De Filip Markiewicz war mat sengem Projet Paradiso Lussemburgo 2015 op der Bienale zu Venedeg. De Kënschtler, deen zu Hamburg wunnt, huet sech international e Numm gemaach. Fir de Salon vum CAL huet de Filip Markiewicz 3 Uelegmolereien eragereecht, déi der Jury no d'Gesellschaft, an där mir liewen, qualitativ a Fro stellen.

Bis den 22. November kann een déi selektionéiert Wierker vun de Kënschtler an den Tramsschapp um Lampertsbierg kucke goen. Wéinst der sanitärer Kris muss ee sech awer am Virfeld um Internet Site vum CAL umellen.