Open-Air-Theater am Februar, dat ass vun en Dënschdeg an der Abtei Neimënster, wou d’Theaterstéck „So dunkel hier“ vum Elise Schmit och hipasst.

D’Geschicht spillt am kale Wanter 1945 op där Plaz, wou de Gauleiter Gustav Simon sollt ausgeliwwert ginn an och ukënnt.

Scho Méint virdrun hat hie sech ofgesat, gouf zu Paderborn entdeckt a sollt op Lëtzebuerg bruecht ginn. Offiziell hätt hie sech do d’Liewe geholl, mä stëmmt dat oder ass um Wee op Lëtzebuerg eppes geschitt oder eréischt zu Lëtzebuerg? Et ginn eng Partie Versioune ronderëm den Doud vum Simon, an déi hunn d’Autorin Elise Schmit am éischten Theaterstéck, dat se geschriwwen huet a mat deem se sech zënter méi wéi 10 Joer befaasst, besonnesch intresséiert.

"Wat authentesch ass, weess ech net, dat ass tatsächlech e schwaarze Punkt vun der Geschichtsschreiwung. Et gëtt keng eendäiteg Quellen, respektiv déi, déi et gëtt, déi sinn esou flou, dat gëtt och am Stéck thematiséiert, dat kann ee bal net gleewen, wat offiziell gesot gouf. An dofir huet am Fong geholl do d'Konscht d'Méiglechkeet fir de schwaarze Punkt do méi hell ze maachen an e Raum ze besetzen, dee vun der Geschichtschreiwung net ka besat ginn."

Authentesch sinn déi véier Persounen am Stéck: nieft dem Gauleiter Gustav Simon, den Offizéier an Nazihunter Hanns Alexander, d’Lëtzebuergerin Léone Muller an de Richard Hengst, dee wärend der Occupatioun Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg war.  D’Regisseurin Anne Simon léisst se zesummen an engem Auto op Lëtzebuerg kommen.

"Mir kennen déi Leit jo net an du plécks der eenzel Elementer vun deenen historesche Personnagen eraus fir da mam Schauspiller zesummen eng nei Figur ze kreéeiren. Dat si sécher keng getrei Ofbildunge vun deenen historesche Figuren. Iwwerhaapt net, mä mir wëllen eppes domadden, mir wëllen eppes domadden erzielen."

"So dunkel hier" / © Hanns asbl

Wat ass Wourecht, wat net? Wat ass Geschicht, wat Geschichten? Wéi kann ee Geschicht emotional erliewen, net just faktesch? Grad do spillt den Theater seng Roll an d'Konscht léisst der Autorin Elise Schmit d'Fräiheet op aner Mëttelen zeréckgräifen: z.Bsp. Humor.

"Et ass jo en Exercice am Distanz halen zu der Geschicht, an esou bal een Distanz seet zu engem Objet oder engem Thema, ass ee ganz no bei der Ironie. An dat war fir mech och dat flott fir ze soen: dat ass Material, mat deem kann ech maachen, wat ech wëll. Dat ass jo den Usproch vun der Konscht an da maachen ech dat och. A firwat net iwwer Nazie laachen?"

Sécher am Stéck ass just den Doud vum Simon. Fir alles anescht bleift Spekulatioun, eng Situatioun, déi mer jo och am Alldag ëmmer nees erliewen.

Mat: Marc Baum, Nickel Bösenberg, Elsa Rauchs, Konstantin Rommelfangen

Première ass den 23. Februar, weider Virstellungen de 25. 26. an 28. Februar an den 1. Mäerz.

Eng Produktioun vun der Hanns asbl (déi sech speziell fir dës Produktioun gegrënnt huet), Neimënster an Escher Theater an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, dem Resistenzmusee Esch an dem Zentrum fir politesch Bildung.

Virum Stéck gëtt et eng Aféierung an nom Stéck eng Diskussioun mat der ganzer Ekipp.