Am spéide Samschdegnomëtteg krut RTL d'Confirmatioun, datt de Fausti eis fir ëmmer verlooss huet.

Biller, Videoen a Andréck iwwert a vum Fausto
De Faustino Cima ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. E grousse Reportage.

Domadder verléiert Lëtzebuerg eng Legend aus der Museks- an Entertainment-Welt.

Den Doud vum Fausti - De Jang Linster reagéiert am Interview

Fir der Lëtzebuerger Legend e leschte Merci ze maachen, biede mir Iech, eis är schéinste Souvenire vum Fausti a Form vu Fotoen eranzeschécken, dat einfach op foto@rtl.lu!

Fuesent a Fausti, dat war eng "Valeur sûre". Ma sou traureg d'Fuesent dëst Joer wéinst der Corona-Pandemie war, nach méi traureg ass elo d'Nouvelle, déi eis dëse Samschden erreecht huet. Am spéiden Nomëtteg krut RTL d'Confirmatioun, datt de Fausti eis fir ëmmer verlooss huet. Am Alter vun 80 Joer, déi nach am Juli 2020 gefeiert goufen, ass de Fausti Cima e Samschdeg gestuerwen.

RTL

De Fausti op sengem 80. Gebuertsdag am Juni 2020. / © Roland Miny (RTL)

Keen, dee seng Stëmmungsmusek op de Päischtcroisièren a Fuesbaler net kannt hätt. Ma de Fausti Cima, de populäersten Entertainer vu Lëtzebuerg, war och en extrem verséierte Museker a seng musikalesch Bandbreet goung vum Jazz iwwert den Tango an de Swing bis zum Schlager.

RTL

© RTL Archiv

68 Joer stoung hien op der Bün, am Café, am Cabaret, op den US-Basen, an den Danzsäll a Béierzelter... an heiansdo souguer am Palais.

De 24. Juli 1940 gouf de Faustino, sou säi ganzen Numm an der Stad am Gronn als ee vu 7 Geschwëster gebuer, goung fréi an de Conservatoire, huet Quëtschkommoud a Gei geléiert a scho mat 12 Joer als Akkordeonist op engem Kiermesbal nom anere gespillt.

An den Orchestere vum Johnny Nimax a Jempi Faust huet hie Gittar a Kontrabass gespillt a sech an der Garer Cabarets-Zeen zum Star-Batteur vu Lëtzebuerg entwéckelt. De Fausti huet am RTL-Orchester gespillt beim Jean Roderes an huet tëscht 1970 a 74 mam saarlännesche Musekmanager Rudolf Strassner eng etlech däitsch Placken opgeholl. Parodien op populär englesch Tuben, wéi „Ich sitz' hier im Schlauchboot" oder „Das arme Mädchen von Seite 1".

RTL

Bei RTL war hien ëmmer nees gär gesinn an huet sech gefreet war mir hien an eng vun eise ville Sendunge geruff hunn. Sou war hie natierlech a villen Interviewen ze héieren, bei den RTL-Déckkäpp huet hie matgemëscht a mir haten déi grouss Chance de Fausti och an eiser rezenter Emissioun ''Afterwork'' begréissen ze kënnen. 

Wéi gesot, de Fausti ass e Samschdeg am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Sengen 2 Filssen a senger Famill eis häerzlechst  Bäileed.

Ee vum Fausti senge wuel leschte medialen Optrëtter am RTL-Afterwork kënnt der hei nach eemol nolauschteren.

Avant-Première vum "Faustino".
D'Geschicht vum legendäre Fausti op groussem Ecran.

Reaktiounen op den Doud vum Fausti