2001 hat d’Skulptur – eng schwanger Versioun vun der Gëlle Fra - vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković jo immens Wellen hei am Land geschloen.

Elo gouf déi ganz Geschicht als Theaterstéck op d'Bün bruecht, dat dann als Form vu Monolog. Gezielt gëtt aus der Perspektiv vun der Skulptur Lady Rosa, gespillt vum Céline Camara. Fir d'Schauspillerin wier et déi éischte Kéier, dass si e Monolog op der Bün mécht. Weider ass si och immens touchéiert vum Text selwer, vu dass en dem Lady Rosa eng immens perséinlech, emotionell an human Touche gëtt.

Geschriwwe gouf den Text vun der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux. D'Iddi wier et net, d'Polemik ronderëm d'Skulptur ze kommentéieren oder ze jugéieren. Vill méi wéilt een op eng kreativ Aart a Weis Liicht op de feministesche Message vun der Lady Rosa werfen. Dee wier nämlech virun 20 Joer an der Kritik ënnergaangen.

Och hautdesdaags sinn d'Biller an d'Polemik ronderëm d'Lady Rosa nach ëmmer net ganz vergiess an dat obschonns d'Statu scho laang net ëffentlech ze gesinn ass. Si ass nämlech am Mudam stockéiert.

D'Theaterstéck "Moi, je suis Rosa" kann een nach bis den 11. Dezember an de Kinneksbond zu Mamer kucke goen. De 26. a 27. Januar ginn dann nach eng Kéier zwou Opféierung am Cape organiséiert.