D’Expo weist, wéi ausdrocksstaark Museksvideoe kënne sinn. An dräi Minutte kënnen hei ganz Geschichten a Messagen ënnerbruecht ginn.

Virun allem an den Zäite vun de Museks-TV-Chaînë war de Museksclip onëmgänglech fir all Kënschtler, deen eppes op sech gehalen huet. Elo wou et verschidde Musekssenderen iwwerhaapt net méi ginn an ëmmer manner Clippen op der Tëlee ze gesi sinn, kéint ee mengen, dass d‘Museksvideoen u Wichtegkeet verléieren. Mä déi nei Expo "The World of Music Video" am Weltkulturierwe Völklinger Hütte nieft Saarbrécken beweist de Géigendeel.

An dësem historesche Kader gëtt een duerch eng kënschtleresch Welt geleet. Op 60 Leinwänn kann ee Lidder gesinn a lauschteren. Um Media-Guide, mat deem een duerch d’Expo trëppelt, kritt een dann zousätzlech Infos zu de Clippen. Gutt a ganz speziell Beispiller gesäit een hei an der Expo a kritt dozou déi néideg Erklärungen. An dat alles am ganz besonnesche Kader vun der aller Gebléishal vun der Völklinger Hütte.

D’Expo leeft nach bis de 17. Oktober 2022. Weider Infoen dozou fannt Dir hei.