Nom grousse Succès vum LOA-Opening zu Esch steet dann och elo de Line-Up fir de Closing fest, mat am Ganzen 10 internationalen DJen.

Nom Sold-Out 2021 si jo dëst Joer zwou Editioune vum elektronesche Museksfestival organiséiert ginn. De 6. a 7. Mee war den éischten Deel op der Place de l'Academie op Esch-Belval, d'Clôture vum "Luxembourg Open Air"-Festival ass den 9. an 10. September wéi gewinnt um Kierchbierg bei der Philharmonie.

An de musikalesche Line-Up ka sech mat 10 internationalen DJen a sëllege lokalen Artiste weise loossen. A mat Headliners wéi Felix Jaehn, Hugel, Yves V, Dannic, Sick Individuals, David Puentez, KREAM, Pretty Pink, DJ Licious oder nach Noel Holler bleift wuel kee Fouss roueg. Déi lokal wéi och international Museker si wéi gewinnt op déi zwee Festivaldeeg opgedeelt.

Natierlech fënnt een och wéi gewinnt nees eng Rëtsch Baren, eng Chill-Out-Area an eng Heede Wull Foodtrucks. A wéi déi Jore virdrun, gëtt och nees vill Wäert op Nohaltegkeet an Innovatioun geluecht mat engem sougenannten "cashless payment system" an enger 0-Plastik-Strategie.

Tickete fir de LOA kritt een op hirem Site ze kafen, fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée gratis.