D'Bild weist den Adalbert Boros, den Ingenieur vun der rouder Bréck, deen decidéiert huet als Sans-abri ze liewen.

De Raphael Tanios ass e jonke Kënschtler deen dëst Joer beim CAL senger Fréijoersausstellung mam "Prix du jeune Talent" ausgezeechent gouf. D'Thema vun der Ausstellung war "Memento" an de Raphael Tanios huet dëst op dräi verschidde Manéieren interpretéiert, ënner anerem duerch e Portrait vum bekannten ungareschen Ingenieur Adalbert Boros, och Albert oder Boris genannt.

1966 gouf d'Bréck Grande-Duchesse Charlotte, besser bekannt als rout Bréck, fäerdeggestalt. Enger urbaner Legend no, soll seng eege Fra sech vun der Bréck geheit hunn, wat de Grond war, wisou den Ingenieur sech aus der Gesellschaft zeréckgezunn huet an zanterhier als Sans-abri bei der Lëtzebuerger Gare gelieft huet. Hei hätt hie Schoulkanner gehollef, hir Hausaufgaben an der Mathé ze maachen, am Géigenzuch fir Iessen.

De 26. Abrëll 2013 ass de gebiertegen Ungar am Alter vun 82 Joer zu Iechternach verstuerwen: "Et ass e Personnage, deen ech immens inspiréierend fannen, och wéinst senger ganzer Geschicht an de Portrait soll eng Zort Hommage un hie sinn", sou de Raphael Tanios. "D'Thema 'Memento' bezitt sech an dësem Fall op Gedenken, de Souvenir un den Adalbert Boros. Hien ass eng Persoun, déi decidéiert huet als Sans-abri ze liewen an, vue dass hie keng Famill méi hat, war mäin Zil him ze gedenken an d'Erënnerung un hien oprecht z'erhalen."

Elo soll de ganzen Erléis vum Bild un d'Stëmm vun der Strooss goen. Domat soll en Deel vum Salaire vun 12 Leit bezuelt ginn, déi bei der Stëmm vun der Strooss schaffen, als Deel vun hirem Reintegratiounsprogramm vu Leit, déi iwwer eng laang Period keng Aarbecht hunn.

De Raphael Tanios war och an der ArtBox vum Mäerz 2023. Méi Informatiounen zum Raphael Tanios ginn et hei an zum Projet un der Stëmm vun der Strooss hei.

ArtBox mam Elisabeth Schilling, Turnup Tun a Raphael Tanios
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.