Dëse Weekend gëtt am Pëttener Schlass erëm d’Ruin gerockt!

Entstane sinn d'Pëttener Summer Nights wärend der Pandemie, dat mat der Iddi, eng méi grouss kulturell Offer an de ländleche Regioune vum Land unzebidden. 2021 gouf dunn eng éischt Editioun organiséiert an no engem Joer Paus sinn e Freideg den Owend erëm d'Schlassdieren opgaangen.

De Programm, dee sech iwwer dräi Deeg zitt, ass thematesch opgedeelt. Den Optakt hunn d'Jazz-Bands "Between Shelves" an d'"Benoit Martiny Band" gemaach. Den zweeten Dag louch de Fokus dunn op méi jonken Artisten, wéi zum Beispill "StayFou", "Boy from Home" oder och de "Maale Gars" an e Sonnde suergen ënner anerem de "Serge Tonnar Trio" a "Saxitude" fir Ënnerhaalung um Familljendag. "Sou Klischee wéi et kléngt, mä et soll wierklech eppes fir jiddereen dobäi sinn", sou den Tun van Beest, President vun der "Kultur21 asbl", déi de Festival organiséieren.

Wichteg wier et hinnen allgemeng, dass all Editioun eenzegaarteg wier an de Projet evoluéiert. Dofir géif et dëst Joer zum Beispill e Konscht-Volet mat Hëllef vum Hariko vun der Croix Rouge ginn, an et wier och en "Newcomer Contest" organiséiert ginn. Do goufen et am Ganzen dräi Gewënner: "Gone Machado", "Dystate" an "Stairs or Elevator".

De ganze Programm an Tickete ginn et hei.