En Dënschdeg geet de 77. Festival vu Cannes un

© VALERY HACHE AFP
D'Greta Gerwig, Realisatrice vu "Barbie", ass Presidentin vum Jury, zu deem ënnert aneren och d'Eva Green, d'Lily Gladstone, den Omar Sy, oder de japanesche Realisateur Kore-Eda gehéieren.
12 Deeg wäert de Film-Festival daueren, dat vum 14. bis de 25. Mee 2024. Als Ouverture-Film gouf dem Quentin Dupieux seng nei Komedie "Le deuxième acte" erausgesicht, deen "hors compétition" wäert lafen.
An der Haaptkompetitioun sinn ënnert anerem "Megalopolis" vum Francis Ford Coppola, "Kinds of Kindness" vum Giorgos Lanthimos, "Emilia Perez" vum Jacques Audiard oder "The Shrouds" vum David Cronenberg gewisen. Ënnert anerem gëtt och dem Leos Carax säin neie Film "C'est pas moi" gewisen.
D'Éierepräisser ginn dëst Joer un d'US-Schauspillerin Meryl Streep, den US-Regisseur a Produzent Georges Lucas an de weltbekannte japaneschen Zeechentrick-Studio "Ghibli".
Weider Detailer goufen et e Méindeg de Moie vum Joy Hoffmann, dee mëttlerweil scho fir déi 41. Kéier dobäi ass.