Mam Theaterstéck "Cock" huet dee britteschen Auteur Mike Bartlett 2009 eng Geschicht iwwer d‘Sich no der eegener Identitéit an enger Welt vun onendlech ville Méiglechkeete geschriwwen.

Eng spannend Tragi-comédie, déi déi Lëtzebuerger Regisseurin Anne Simon an hir Ekipp elo op d‘Bün vum Kapuzinertheater bréngen. D'Geschicht vu "Cock" ass eng einfach: Den John, dee sech eigentlech e Liewe laang just vu Männer ugezu gefillt huet, decidéiert, eng Bezéiungspaus mat sengem laangjärege Partner anzeleeën a verléift sech iwwerdeems Hals iwwer Kapp an eng Fra. Et ass eng Story, déi net just d‘Fro no der sexueller Identitéit opwerft, ma och déi no de Virurteeler vun eiser Gesellschaft.

Den Titel "Cock" ass net just eng Referenz un dat männlecht Geschlechtsorgan, ma och un déi virun allem a Mexiko bekannten Hunne-Kämpf. Déi permanent hëtzeg Debatten tëscht de Personnagë loossen de Public zu de Spectateure vun engem spannenden emotionale Boxkampf ginn.

Erzielt gëtt dës Geschicht vun de Schauspiller Philipp Alfons Heitmann, Elisabet Johannesdottir, David Calvitto an Tom Leick-Burns.

Dem Tom Leick-Burns bedeit et ganz besonnesch vill, dass hie bei dëser Produktioun mat op der Bün steet. Zanter 2015 ass hien den artisteschen Direkter vun de Stater Theateren, ma à la base ass hie Schauspiller. D’Schauspillerei war seng éischt grouss Léift, a mol nees d’Säit ze wiesselen an zesumme mat aneren Acteuren op der Bün stoen ze kënnen, wier fir hien ee grousse Kaddo eng immens Erfëllung, sou den Tom Leick-Burns.

Vum 14. bis de 24. Mee ass d'Theaterstéck "Cock" op der Bün vum Kapuzinertheater ze gesinn. Weider Detailer an Tickete ginn et um Site www.theatres.lu.