12. Biennale fir zäitgenëssesch Konscht

Nohaltegkeet an Authentizitéit stinn am Mëttelpunkt vun der Editioun 2024.
Virun 23 Joer huet d'Gemeng Stroossen et sech zur Aufgab gemaach, fir d'Kultur a virop d'Konscht sou gutt et geet ze fërderen a méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen. Aus dëser Motivatioun eraus ass och d'Biennale d'Art Contemporain vu Stroossen entstanen, un där zanter 2001 souwuel etabléiert, wéi och opstriewend Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun deelhuelen.
Vum 11. Mee un bis de 26. Mee kann een am Centre Culturel Paul Barblé, am Kader vun der 12. Editioun vun der Konscht-Biennale, ganzer 90 Wierker vun 30 Kënschtler entdecken, déi vum Jury selektionéiert goufen.
Molereien, Skulpturen, Fotografien, Keramiken, Textil-Wierker, Collagen an Assemblagen bréngen hei déi grouss Bandbreet vum zäitgenëssesche Konschtschafenden zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun zum Ausdrock.
D‘Thema vun dëser 12. Editioun: Nohaltegkeet. "D‘Biennale huet sech dofir entscheet, d‘Konscht an den Déngscht vun der Sensibiliséierung a vum Handelen, fir eng nohalteg Zukunft ze stellen", sou de Communiqué vun der Gemeng Stroossen.
E weidert wichtegt Uleies vun den Organisateuren ass et, fir d'Kënschtler an hirem Schafen an an hirem Developpement z'ënnerstëtzen. Sou gehéieren zu der Stroossener Konscht-Biennale och dräi Konschtpräisser.
De "Premier Prix" goung un déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Tanja Kremer-Sossong, déi an hirer Konscht traditionellt Handwierk mat zäitgenëssescher Stroossekonscht verschmëlze léisst.

© Tanja Kremer-Sossong
Mam "Prix Spécial du Jury" gouf d'Jip Josée Feltes ausgezeechent. Si verschafft an hire Wierker al Fotografien, déi duerch hiren individuelle Bléck als Kënschtlerin ganz nei interpretéiert ginn.

© Jip Josée Feltes
Iwwer de "Prix d'Encouragement" ka sech dëst Joer de Graffiti-Kënschtler Daniel Mac Lloyd freeën.

© Daniel Mac Lloyd
D‘Ausstellung leeft nach bis de 26. Mee an ass all Dag vun 10h00 bis 20h00 Auer op.
Weider Informatioune fënnt een op www.biennale.lu